quarta, 09/03

|

Luxembourg

Démarche synodale avec les confirmands

Les inscriptions sont closes
Voir autres événements
Démarche synodale avec les confirmands

Heure et lieu

09/03, 19:00 – 20:30

Luxembourg, Ctre Jean XXIII, 2728 Luxembourg

À propos de l'événement

Wéi dir warscheinlech schonn héieren hutt, huet de Poopst Franziskus läscht Joer d‘Synode 2023 an d’Liewe geruff. De Poopst an eisen Äerzbëschof  wëllen déi Jonk an de Prozess vun der Synode integréieren. Och wann all déi Jonk invitéiert sinn sech un der Synode ze bedeelegen, wëlle mer eis iwwert d’Poren un d’Firmlinge wenden, déi Jonk déi dëst Joer gefirmt ginn, déi déi an deene leschte Jore gefirmt goufen an déi déi sech op d’Firmung virbereeden. Si hunn d’Recht gehéiert ze ginn!

D’Synode mat de Firmlingen !

Fir dass dës Démarche méiglech ass brauche mer är Hëllef; der begleet déi Jonk déi iech an ärer Par uvertraut sinn – der deelt hier Suergen an hier Uleies. Dofir wëlle mir iech (oder e Vertrieder vun ärer Par) invitéieren an eng synodal Versammlung den 9. Mäerz um 19h00 an de Centre Jean XXIII ze kommen.

Partager cet événement